D’Initiativ- a Verwaltungszentren am Netzwierk vun Objectif Plein Emploi
D’Netzwierk vun OPE setzt sech zesummen aus dem Centre de Ressources Moulin Bestgen zu Schëffleng a ronn 30 lokale Veräiner oder „Centres d’Initiative et de Gestion“ (Initiativ- a Verwaltungszentren) CIG, déi sech fir e méi solidarescht a gerecht Wirtschaftssystem asetzen. Am Kader vu Projeten, déi der Allgemengheet sollen déngen, gëtt sech fir eng nohalteg lokal Entwécklung agesat, wat virun allem duerch d’Schafe vun Aarbechtsplaze fir déi Leit geschitt, déi op der Sich no Aarbecht sinn an deenen hir perséinlech a berufflech Entwécklung duerch eng adaptéiert Weiderbildung valoriséiert ka ginn.
Objectif Plein Emploi geet et dorëm ze weisen, datt dës Theorie vun der lokaler Entwécklung an d’Praxis ëmgesat ka ginn. Zesumme mat de Gemengen a mat der Ënnerstëtzung vum „Fonds pour l’Emploi“ vum Aarbechtsministerium konnt en aktiivt Netzwierk vun Associatiounen opgeriicht ginn, déi sech
„Initiativ- a Verwaltungszentren“ (CIG) nennen.
Dës Associatioune sinn op lokalem (CIGL), regionalem (CIGR) oder sektoriellem Niveau (CIGS) aktiv. Hiert Uleies ass et an der Haaptsaach, d’Liewensqualitéit op lokalem Plang ze verbesseren an déi sozial Bindungen tëschent den Awunner zu stäerken.
Wann Dir méi iwwert d’Aarbecht vun de CIG wëllt gewuer ginn, da klickt op d’Kaart!
